Den Fouss ass den distalen Deel vun der enneschter Extremitéit vum Mensch. Et ass iwwer d’Spronggelenk mam Been verbonnen. Et ennerstezt d’Gewiicht vum Kierper am Stoen an ermeiglecht d’Fortbewegung.

Als eischt Element an Buedenkontakt- an anatomescher Positioun- spillt et eng wesentlech Roll fir Glaichgewiicht, Dämpfung an Vortrieb.

Den erwuessenen Fouss besteet aus 26 Knachen- dat ass fir di zwee Feiss een Veierel derjeinegen, aus denen den gesamten menschlechen Skelett besteht.-, 16 Gelenker, 107 Bänner, dei hieren Schutz gewährleeschten an d’Beweglechkeet anschränken, 20 Muskelen, dei hier Bewegung ermeiglechen.

D’Fachdokteren sin Podologen (Spuenien, England, Italien, Portugal, Kanada an d’Vereenegt Staaten

Reckfouss
Den Reckfouss ass den henneschten Deel vum Tarsus. Et besteet aus dem Talus an dem Calcaneus, woubai den Talus iwwer an liicht medial zum Calcaneus leiht an mei kuez wei den ass. Den Talus ass een vun den Knöchelknachen; en artikuleiert uewen haptsächlech mat der Tibia an och mat der Fibula. Den talus artikuleiert och no ennen mam Calcaneus, den drenner leiht, an sain viicht Enn, wat sech medial am Fouss befennt, artikuleiert mat engem vun den Knachen vun der eischer Reih vum Tarsus. Den Knachen ged navikular Knachen genannt. Den Calcaneus ass den Fersenknachen an och dei greissten Schank am Fouss. Des Schank artikuleiert uewen mam Talus an der Heicht vum viichten Deel vun senger Iewechtersait. Dat henescht Drettel vun der nemmlechter Schank enthält d’calcaneal Seen, och nach Achillessehne genannt, vum Triceps-Surae-Muskel vun der Wued. Den Calcaneus ass no fir, no uewen an saitlech geriicht: sain viicht Enn artikuleier mat der quaderförmeger Schank.

Mettelfouss
Den Mettelfouss ass den viichten Deel vum Tarsus.Desen besteht aus 5 Schanken. Medial ged et eng duebel Reih: Dei sin den navicular Knachen posterior an dei drei Beckenschanken anterior. Saitlech ged et nemmen eng Schank den Quaderknachen. An Bezug op den medialen Deel, artikuleiert den Navikularknachen doweinst hannen mam Talus, saitlech mam Quaderknachen, vir mam medialen, intermedialen an lateralen Beckenknachen. Dei huelen an übereinstimmung mat hierem Numm eng relativ Positioun zweschen hinen an an stinn jeweils an Bezeihung zu engem vun den eischten drei Mettelfoussschanken. Den lateralen Beckenknachen ass och an senger lateraler Oberfläch mam Quaderknachen angeholl, den doweinst artikuleiert: op senger heneschter Oberfläch mam Calcaneu, op senger medialer Oberfläch, hannen mam navikular Knachen an vir mam lateralen Keilbeen; op senger Vierderfläch mat dem veierten an feneften Mettelfoussknachen.

Vierfouss
Den Vierfouss entsprecht dem Mettelfouss an dem Phalangen. Den Mettelfoussknchen besteht aus den fennef Mettelfoussknachen. Dest ähnelt dem Mettelknachen vun der Hand. D’Mettelfoussschanken sin un hier Basis gegliedert mat: den Knachen vun der distaler Reih vum Tarsu, an der Reihenfolg vun den medialen, mettelsen an lateralen Keilbeenschanken fir dei eischt drei an vum Quaderknachen fir dei lescht zwee. Op der Heicht vun hierem Kapp befannen sech distal d’Mettelfoussknachen jeweils an Bezug op d‘Basis vun den jeweilegen proximalen Phalanx. D’Phalangen vum Fouss sin genee wei dei vun der Hand angedeelt: Eng proximal Phalanx ass vier mat enger mettlerer Phalanx verbonn, dei selwer vier mat enger distaler Phalanx verbonn ass. Genee wei bei der Hand sin dei eischt Phalangen nemmen zu zwee, dei Proximal an dei Distal. Schliesslech bilden all Mettelfoussknachen an dei entspriechend Phalangen zesummen eng eenzeg Struktur. Dei Struktur ged als Radius bezeechent.

Plantar Oberfläch
D’Fousssuel ass eng speziell Regioun, well se d’Gewiicht vum Kierper dreiht, wat haptsächlech iwer den heneschten Deel vum Calcaneus an d’Käpp vun den Mettelfoussschanken verdeelt ass.

Foussgewölbe
D’Plantaroberfläch ass relativ huel, wat dorop zereck ze feieren ass, dat den Foussskelett an Form vun enge,m Foussgewölbe mat gerengerer Konkaviteit organiseiert ass. Domat gin dei drei Beih beschriwen: longitudinal, medial an lateral an quer. Den medialen Längsbogen ass hinsichtlech vun senger Längt an Kremmung am wichtegsten. Den besteet vun hannen no vir aus dem Calcaneus, dem Talus, dem Navikularknachen, den Keilbeenschanken an den eischten drei Mettelfoussknachen. Den saitlechen Längsbogen ass vill manner ausgeprägt. Desen besteet aus dem Calcaneus, dem Quaderknachen an den leschten zwee Mettelfoussknachen. Den Querbogen besteet aus den Keilbeenschanken, dem Quaderknachen an der Basis vun den Mettelfoussknachen. Dei Wölbungsunuerdnung ged duerch d’Plantarfaszie ermeiglecht, bei der et sech em een Band aus dichtem Bindegewebe handelt, wat sech vum heneschten Deel vum Calcaneus bis zu den Käpp vun den Mettelfoussknachen erstreckt. D’Bänner vum Fouss sin genee seu betraff wei d’Muskelen an d’Seenen vun der Plantar Oberfläch.